Den 3. nationale Bibercamp, de Nanoq’23 steet virun der Dier. Zwar dauert et nach e puer Méint, bis de Camp starte kann, mee an deenen eenzelen Ekippe lafen d’Virbereedungen op Héichtouren. Schliisslech soll de Nanoq’23 fir jiddereen, op Biber, Chef, Cheftaine oder Staff, e flott Erliefnis ginn.
Hei e puer wichteg Informatiounen:
Wéini: | vum 18.-22.07.2023 |
Wou: | ![]() um Sennengerbierg. Mir schlofen an Zelter op der Wiss nieft dem Bëschhaus. D’ Cheffe brauchen sech net drëms ze bekëmmeren em Zelter. |
Präis: | 140 € pro Kand 110 € pro Chef |
Material: | Nieft hiren normale perséinleche Saache sollen d’Biber nach Folgendes matbréngen:
· Gamelle · wäissen T-shirt · Sportsposch/Rucksak, wgl. keng Koffer · Foulard · klenge Rucksak · décke Schlofsak (och am Summer kennen d’Temperaturen ënner 10 Grad falen) · keng Carrymatt, et gëtt op Feldbetter geschlof Eng genau Lëscht kënnt och nach méi spéit no. |
Umellen: | · iwwert den Online-Formulaire op nanoq23.lgs.lu
· bis den 01.12.2022: eng éischt Umeldung als Famill geet mat enger ongeféierer Zuel u Kanner a Chef uginn. · bis den 01.03.2023: eng definitiv a nominell Umeldung vu jidderengem (Biber a Chef) (Informatioun kommen no). · bis den 01.04.2023: froe mir iech dann de komplette Camppräis ze bezuelen. Heifir kritt dir eng Rechnung no der definitiver Umeldung den 01.03.2023. |
Programm | · Thema Nohaltegkeet
· All d‘Aktivitéite wäerte dobaussen stattfannen. |
Urees | · mam ëffentlechen Transport. Mir maachen dann e Planning fir dat ganzt ze koordinéieren.
· d‘Gepäck soll Sonndes bruecht ginn an do sollen d‘Cheffen dann och d‘Schlofzelt vun hirer Famill mat opriichten. Genau Zäite kommen nach no. |
Ravi | · D‘Famille kréie gekacht
· D‘Famille mussen hiert Telleren, Taassen a Bestéck selwer matbrénge. Si kënnen och d‘Kanner froen Gamellen matzebréngen wann si als Famill keng Gamellekëscht hunn. |
Seefeverkaaaf | · Pro Famill déi mat op de Camp geet, mussen 30 Seefe verkaaft ginn.
· Falls eng Famill ob Grond vun hirer Gréisst do Problemer gesäit kann si sech mellen fir ggf. gemeinsam no enger Léisung ze sichen. · Mir liwweren d‘Seefen un d‘Famillen aus oder mir maachen e Sammelpunkt wou si se kënne siche kommen. Weider Informatiounen kommen no. |
Chefinfoowend an Souscampvirbereedung | · 24.02.2023 um 19:30 am Bëschhaus |
Mir freeën eis op e flotte Camp, dee mir am Summer 2023 zesumme um Sennengerbierg verbrénge wäerten.